Hydraulikschläich a Schlauchleitungen

HANSA-FLEX fabrizéiert Schlauchleitungen an allen Nennbreeten a fir jiddwer Asazgebitt. Sief et e Spiral- oder e Geflechtschlauch, sief et en Nidderdrock-, Héichdrock- oder Héchstdrockschlauch – an eiser Gamm fannt Dir de passende Schlauch fir jiddwer hydraulesch Uwennung.


Fir sensibel Asazgebitter wéi z.B. d’Liewensmëttelindustrie oder d’Raumfahrt an d’Medizintechnik bidde mir geschmacks- a gerochsneutral PTFE-Schläich, resp.vun - 200 °C bis + 600 °C temperaturbestänneg Metallschläich un.


All eis Produite ginn an opwennege Verfahren ënner extremste Bedingungen getest, fir jidder Zäit d’Sécherheet vu Mënsch a Maschinn ze garantéieren. Am Kader vun eisem certifiéierte Qualitéitsmanagement schafft den eegene Préiflabo vun HANSA-FLEX enk mat offizielle Materialpréiforganismen zesummen.


D’Gamm vun eise Produiten ëmfaasst:

 

  • All gängeg Hydraulikschläich an déi derzou gehéiereg Armaturen
  • Certifiéiert Schlauchleitungen fir sensibel Asazgebitter wéi d’Navigatioun, D’Offshore-Industrie, de Schinneverkéier an de Biergbau mat enger ganzer Rei vun Zouloossungsvarianten (GL, LR, DNV, BWB, DGRL, DVGW an nach vill anerer)
  • Verbannungstechnik wéi Verschrauwungen, Flanschen, Kugelkrinn, Adapteren a Kupplungen
  • Divers Accessoiren ewéi Befestegungstechnik, Ausräisssécherung, Schlauchschutz (Schutz géint Knécken, Hëtzt an Ofriff)
  • Industrieschläich, Metall- a PTFE-Schläich
  • Héichdrockschläich (bis 500 bar) fir usprochsvoll Uwennunge wéi z.B. hydrostatesch Transmissiounen an direkt Undriff
  • Héchstdrockschläich (bis 3.200 bar) fir Uwennunge mat enorm héijem Drock wéi z.B. d’Héichdrockëmformtechnik an hydraulisch Montagepressen

Réier a Spezialarmaturen

HANSA-FLEX fabrizéiert héichwäerteg Präzisiounsréier no der Norm DIN 2391 an alle Variatiounen fir sämtlech Asazgebitter. Eis héich spezialiséiert Fachbetriber verfügen iwwer modernst computergesteiert CNC-Béimaschinne mat enger extremer Fabrikatiounsgenauegkeet. Doriwwer eraus bidde mir all déi gängeg Rouerennbeaarbechtungen, Rouerverbannungstechniken an Dichtungsformen un.


Sief et Eenzelstécker oder komplett virmontéiert Baugruppen, sief et e Standardsortiment, individuell Eenzelfabrikatiounen oder op Mooss ugepasste Seriëfabrikatioune fir Éischtausrüster – Dir hutt e Besoin an HANSA-FLEX liwwert Iech eng op Mooss zougeschnidde Léisung dofir.


Eis Offer begräift:

 

  • Präzisiounsréier aus schwaarzem a verzénktem Hydraulikrouer, Inox-Stol, Koffer, Aluminium oder Zistaplex
  • All déi gängeg Rouerennbeaarbechtungen, Rouerverbannungstechniken an Dichtungsformen
  • Eenzelstécker, Seriëfabrikatiounen oder komplett virmontéiert Baugruppen
  • Méifach gebéite Schlaucharmaturen, belibeg geformten Adapteren a Verschrauwungen mat deenen ënnerschiddlechste Gewënn souwéi komplex Sammler a Rouerverdeeler
  • Rouerverschrauwungen an Adapteren
  • sämtlech gebéite Réier sinn zu jidder Zäit 1-zu-1 reproduzéierbar, d’Identifikatiounsnummeren an alleguerten d’Spezifikatioune ginn elektronesch gespäichert an als Zeechnung hannerluecht

 

 

 

Hydraulikkomponenten

D’Gamm vun den HANSA-FLEX Hydraulikkomponenten ëmfaasst dat gesamt A bis Z vun der Aggregat-Komponent bis zum Zylinder. Eise Betrib ass certifiéiert no der Norm DIN EN ISO 9001 a mir sécheren den héije Qualitéitsstandard vun eisen Hydraulikkomponente mat engem Zil: dauerhaft Disponibilitéit bei minimale Käschten.

Dee stänneg disponibele Lagerbestand ëmfaasst iwwer 4.500 direkt liwwerbar Artikelen. D’Gamm kann iwwer den Online-Katalog weltwäit ronderëm d’Auer a méi wéi 20 Sprooche konsultéiert ginn.

Eis Offer am Iwwerbléck:


  • Ventiller, Pompelen, Elektro- an Hydraulikmotoren, Miesstechnik, Späicheren, Tanken
  • Hydraulik-Zylinder an Dichtungen (Nei Produiten a Reparaturen)
  • technesch Berodung, Konzeptioun an Ëmschlësselung
  • Spezialprogramm 700-bar-Héichdrockhydraulik
  • Bereetstelle vun abaufäerdegen Hydraulikbaugruppen (Ventilbléck, Ventilkombinatiounen)
  • Filteranlagen, Filtratiounsaccessoiren an Hydraulikflëssegkeeten

Engineering an Aggregatkonstruktioun

HANSA-FLEX élaboréiert a fabrizéiert innovativ Undriffs-a Steierungstechnik bis hin zur Projektéierung vu kompletten Hydraulikanlagen. Vun der Konzeptioun bis zur Montage an der Mise en service um Site garantéiere mir kuerz Liwwerzäite bei héije Fabrikatiounscapacitéite fir industriell a mobil Uwennungen.


Eise Leeschtungsspektrum am Iwwerbléck

 

  • Konstruktioun a Fabrikatioun vun Aggregater, Zylinderen a Spezialventilbléck ënnerstëtzt duerch déi neisten 3D CAD-Software
  • Projektéierung vu kompletten Hydrauliksystemer
  • Montage a Mise en service duerch HANSA-FLEX Industriemontage
  • Ëmrëschten an Erweiderunge vun existenten Hydrauliksystemer
  • Fabrikatioun vu Kompaktaggregater (bis 4 kW) bis hin zu op de Client zougeschnidde Spezialléisungen (bis 100 kW, 450bar, 4.000L Tankvolumen)