Wou Hydraulik ass, do ass HANSA-FLEX

HANSA-FLEX ass ee vun de weltwäite Leader um Marché fir ëmfaassend Hydraulik-Léisungen. Clienten aus alle Branche vertrauen zënter méi ewéi 50 Joer op d’Qualitéit an d’Zouverlässegkeet vun eise Produiten an Déngschtleeschtungen.


Eis Offer geet vum einfachen Hydraulikschlauch bis zu der komplexer Projektéierung an Installatioun vu kompletten hydrauleschen Anlagen.


HANSA-FLEX bedeit 100% Qualitéit fir Clienten op der ganzer Welt


D’Gamm vun den HANSA-FLEX Produite begräift iwwer 80.000 Artikelen, déi no dem héchste Qualitéitsstandard vun der Branche hirgestallt ginn. An eisem Online-Katalog sinn technesch Detailer iwwer all Zorte vun Hydraulikschläich an Hydraulikkomponenten weltwäit ronderëm d’Auer a méi ewéi 20 Sproochen disponibel.


Intelligent Déngschtleeschtunge ronderëm d’Hydraulik


Mat Support-Déngschtleeschtunge wéi de Mobilen Hydraulik-Direktservice an d’X-Code-Schlauchcodéierung ënnerstëtze mir eis Clienten séier an efficace wa si kuerzfristeg Ersatzstécker brauchen. Am Kader vun der präventiver Maintenance droe mir mat Maintenance- a Montageaarbechten, individuellem Schlauchmanagement a Fluidservice derzou bäi Maschinnestëllstänn ze vermeiden. Eis individuell ugepasste Logistik-Servicer wéi Kitting, Kanban an Just-in-time-Fabrikatioun hëllefe beim Aspuere vu Kapital a Ressourcen.


Léiert eis kennen


HANSA-FLEX Hydraulique S.á.r.l. ass Ären zentralen Uspriechpartner fir allméiglech Froe ronderëm d’Hydraulik.


Eng héich motivéiert Equipe ass fir Iech am Beräich vun der Hydraulik am Asaz – flexibel, séier an zouverlässeg – 365 Deeg am Joer, 24 Stonnen den Dag.