Séier an efficace Ersatzdeelversuergung fir hydraulesch Systemer

HANSA-FLEX bitt weltwäit séier a kompetent Hëllef bei ongeplangte Stëllstänn vu stationären oder mobillen Hydrauliksystemer. Mat Hëllef vun engem ëmmer gréisseren Netz vu Filialen an eise Servicegefierer vum mobillen Hydraulik Direktservice besuerge mir Iech séier an onkomplizéiert dat passend Ersatzstéck.


Nieft der kompetenter Noutfallhëllef kënnen d’Gefierer vum HANSA-FLEX Hydraulik Direktservice och als mobil Atelieren benotzt ginn. Sief et bei méi klenge Projeten, op grousse Chantieren oder fir eng kuerzfristeg Ënnerstëtzung bei héijem Optragsvolumen: Plangt den Hydraulik Direktservice als flexibelen an efficacen Déngschtleeschter mat an!


Är Virdeeler beim Benotze vum HANSA-FLEX Hydraulik Direktservice

 

  • 365 Deeg am Joer 24 Stonnen den Dag fir Iech am Asaz
  • kuerz Reaktiounszäiten duerch ëmmer méi eng grouss Zuel vu Filialen a Gefierer vum Mobillen Hydraulik Direktservice 
  • forméiert Servicetechniker, direkt Reparatur um Site
  • komplett Equipement an Ersatzdeelsortiment fir de Montage, den Demontage an D’Ufäerdegung vun Hydraulikschlauchleitungen u Bord
  • de mobillen Atelier funktionéiert onofhängeg vun externe Stroumquellen

 

 

Schlauchcodéierung mat X-CODE

Mat dem HANSA-FLEX X-CODE gi sämtlech Produitscharakteristiken vun all eenzelner Schlauchleitung eendeiteg an onverwiesselbar erfaasst a fir en einfacht Beschafe vun Ersatzdeeler an enger Datebank hannerluecht. Dee 6-stellegen alphanumeresche Code ass esou präzis wéi e Fangerofdrock, d’X-CODE-Etikett gëtt däitlech siichtbar an dauerhaft un der Schlauchleitung fixéiert – Iertemmer a Verzögerungen beim Beschafe vun Ersatzdeeler sinn ausgeschloss.


Är Virdeeler beim Benotze vum X-CODE

 

  • onverwiesselbar Identifikatioun op Knappdrock
  • Ersatzdeel op Uruff, séier Liwwerung
  • weltwäit verfügbar
  • Nocodéieren op Wonsch
  • konnespezifesch Datebank MY.HANSA-FLEX.COM
  • op Wonsch iwwerhëlt HANSA-FLEX de Schlauchmanagement Kader vun der präventiver Maintenance


 

 

Präventiv Maintenance

D’Firma HANSA-FLEX ënnerstëtzt hir Clienten mat enger ganzer Rei vun Déngschtleeschtunge ronderëm d’präventiv Maintenance vu stationären a mobillen hydraulesche Systemer. Dir kënnt d’Industriemontagespezialisten vun der HANSA-FLEX Grupp mat der Inspektioun, dem Entretien, der Maintenance an dem Optiméiere vun Ärer Anlag beoptragen oder och e kompletten Ëmbau vun eis ausféiere loossen.


Doriwwer eraus séchere mir déi héich Disponibilitéit vun Ären Anlagen duerch ëmfangräich Serviceofferen an de Beräicher Schlauchmanagement a Fluidservice. Sämtlech Moossnamen déngen dem Aspuere vu Käschten an der Steigerung vun Ärer Produktivitéit. Duerch e programméiert Iwwerpréiwen an den Austausch vun hydraulesche Verschläissdeeler, d’rechtzäitegt Erkenne vu Schied a Komponenten an d’regelméisseg Analyse a Fleeg vun den Hydraulik-Uelecher kënnen ongeplangte Maschinnestëllstänn verhënnert ginn.

 

Eis Leeschtungen an der präventiver Maintenance

 

  • Programméiert Maintenanceasäz fir d’Vermeidung vun ongeplante Stëllstandzäiten a stationären a mobillen Anlagen
  • Anlagenoptiméierung fir d’Steigerung vum Wierkungsgrad
  • Nei-, De- a Remontagë vun existenten hydrauleschen Anlagen
  • Periodescht Iwwerpréiwen an Auswiessele vun Hydraulik-Schlauchleitungen
  • Analys a Fleeg vun Hydraulik-Uelecher (direkt Feelererkennung bei Uellechvermëschung, Uelechverschmotzung, Waasser am Uelech)
  • Erkenne vu Schied a Komponenten (z.B.: Pompelschied, Hydraulik-, Motoren- an Zylinderschied, Schied u Schlauchleitungen an Hydraulikfilteren)
  • Reduzéiere vum Komponenteverschläiss an Uelechverbrauch op e Minimum

 

 

Logistik-Déngschtleeschtungen

D’HANSA-FLEX Systempartner-Offere sinn intelligent Léisunge fir all déi Clienten, déi hir Ressource schounen an hir Produktivitéit steigere wëllen. OEM a Servicebetriber profitéieren a gläiche Moosse vun eisem Portfolio vu speziell zougeschnidde Logistik-Déngschtleeschtungen, déi mir hoergenee mat Ären interne Prozesser verzahnen.


Sief et mobil Hydraulik-Service-Container fir entleeë Chantieren, e Kanbansystem fir e käschtenoptiméierten Opbau vu Stocken oder eng op de Client zougeschnidde Seriëfabrikatioun – HANSA-FLEX bitt déi passend Léisung für all logistesch Erausfuerderung am Beräich vun der Hydraulik.


D’HANSA-FLEX Logistik Déngschtleeschtungen am Iwwerbléck:

 

  • Mobil Hydraulik-Service Container fir eng permanent Versuergung a schwéier zougänglechen Asazgebitter wéi z.B. Tunnelbaustellen (ausgerüst mat individuell ugepasstem Ersatzdeelsortiment inklusiv Handwierksgeschir a Maschinnen)
  • Kanbanlager fir e regelméissegen a strukturéierten Opbau vun engem Stock u Schlauchleitungen oder komplette Montagesäz (Kitting) bei Iech um Site
  • Héich flexibele Kitting – eis abaufäerdeg Montagesäz kënnen och Komponenten vu frieme Fournisseuren enthalen
  • Wierk-am-Wierk-Produktioun: en integréierte Fabrikatiounssite mat bedarfsgerechtem Stock un Deeler an engem Maschinnepark fir d’Sécherung vum dagesaktuellen Hydraulikbedarf direkt an Ärem Betrib
  • EDI- a Scannerléisunge fir d’Optiméiere vun de Bestellprozesser
  • Seriëfabrikatioun vu Schlauchleitungen, Réier, Spezialarmaturen an Aggregater (Eenzeldeeler oder op de Client zougeschnidde Seriëfabrikatioun)